Urbanist/in Stad- a Regionalentwécklung bei Zeyen+Baumann
ZEYEN+BAUMANN
36, Rue des Prés L-2349 Luxembourg-Bonnevoie
Studium am Beräich Urbanismus, Raumplanung, Geografie, Architektur oder enger anerer vergläichbarer Fachrichtung
Clarisse Weischedel
33020446
Mir sichen zur Verstäerkung vun eiser Equipe ab +/- 15. September 2026 eng/een
URBANIST/IN
Säit 45 Joer si mir am Beräich vum Urbanismus, der Regional- a Landschaftsplanung zu Lëtzebuerg aktiv. Eis interdisziplinär Equipe aus 27 Expert/innen schafft a villfältegen an eenzegaartege Projeten. Fir eis Equipe weider ze entwéckele siche mir eng oder een engagéiert Mataarbechter/in aus dem Beräich Urbanismus oder Landesplanung fir eise Büro an der Stad (Bouneweg).
Deng Aufgabe bei eis:
- Ausschaffe vun Flächenotzungspläng (PAG), Bebauungspläng (PAP QE/PAP NQ) a Begleedung vu Gemenge bei hirer Ëmsetzung,
- Quantitativ a qualitativ Studien a Konzepter fir Quartieren, Gemengen, Regiounen & Ausschaffen an Ëmsetze vun Aktiounspläng a Projeten,
- Konzeptioun a Begleedung vu kooperativ Prozesser am Beräich vun der Stad- a Regionalentwécklung (Biergerbedeelegung, interkommunal Kooperatioun, Concoursen, Pacte Logement 2.0, ...).
Du bréngs mat:
- Studium am Beräich Urbanismus, Raumplanung, Geografie, Architektur oder enger anerer vergläichbarer Fachrichtung,
- éischt Praxiserfahrungen am Beraich Urbanismus a Kenntnisser vum reglementaresche Kontext vu PAG, PAP QE etc. zu Lëtzebuerg si vu Virdeel,
- Ganz gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen an Däitschen (min. B2), gutt Kenntnisser am Franséischen (min. A2),
- selbststänneg, strukturéiert a gewëssenhaft Aart a Weis ze Schaffen,
- léisungsorientéiert Approche a gutt Zesummeschaffen an enger Equipe,
- frëndlecht a souveräänt Optrieden, gutt Kommunikatioun.
Mir bidden dir:
- en CDI mat enger fairer Bezuelung,
- 32 Deeg Congé am Joer,
- flexibel a familljefrëndlech Aarbechtszäiten,
- spannend an ofwiesslungsräich Projete mat perséinlechen Entwécklungsméiglechkeeten,
- eng oppen a kollegial Aarbechtsatmosphär,
- eng modern a gutt equipéiert Aarbechtsplaz mat der Méiglechkeet fir Teletravail,
- fachlech a perséinlech Weiderentwécklung duerch Formatiounen, Besiche vu Konferenzen an aneren Aktivitéiten (am Kader vun der Aarbechtszäit).
Eist Ziel ass et, zu Lëtzebuerg eng verantwortungsvoll Planung zu maachen, déi der Gesellschaft an zukünftege Generatiounen d‘Grondlage fir gutt Liewensbedingunge séchert an dozou zu engem gudden Zesummeliewen an der Gesellschaft bäidréit. Mei Informatiounen zu eise Referenzprojeten fënns du hei: https://zeyenbaumann.lu/projets.
Du bass interesséiert? Dann mell dech elo bei eis! Mir freeën eis op deng Bewerbung (bis de 24. Mee 2026) per E-Mail op: candidatures@zeyenbaumann.lu .
