Urbanist/in bei Zeyen+Baumann (LU/DE/FR)

 

ZEYEN+BAUMANN

36, Rue des Prés L-2349 Luxembourg-Bonnevoie

3 an(s)

Studium am Beräich Urbanismus, Raumplanung, Geografie oder enger anerer vergläichbarer Fachrichtung

Clarisse Weischedel

33020446

candidatures@zeyenbaumann.lu

www.zeyenbaumann.lu

 

 

De Büro Zeyen+Baumann sicht zur Verstäerkung vu senger Equipe ab Mäerz 2026 eng/een


URBANIST/IN


Säit 45 Joer si mir am Beräich vum Urbanismus, der Regional- a Landschaftsplanung zu Lëtzebuerg aktiv. Eis interdisziplinär Equipe aus 25 Expert/innen schafft a villfältegen an eenzegaartege Projeten. Fir eis Equipe weider ze entwéckele siche mir eng oder een engagéiert Mataarbechter/in aus dem Beräich Urbanismus oder Landesplanung fir eise Büro an der Stad (Bouneweg).


Du bréngs mat:



  • Studium am Beräich Urbanismus, Raumplanung, Geografie oder enger anerer vergläichbarer Fachrichtung,

  • op mannst 3 Joer Beruffserfarung am Beraich Urbanismus zu Lëtzebuerg,

  • gutt Kenntnisser vum reglementaresche Kontext vu PAG, PAP QE etc. zu Lëtzebuerg,

  • Ganz gutt Kenntnisser am Lëtzebuergeschen an Däitschen, gutt Kenntnisser am Franséischen,

  • selbststänneg, strukturéiert a gewëssenhaft Aart a Weis ze Schaffen,

  • léisungsorientéiert Approche a gutt Zesummeschaffen an enger Equipe,

  • frëndlecht a souveräänt Optrieden, gutt Kommunikatioun.


Mir bidden dir:



  • en CDI mat enger fairer Bezuelung,

  • 32 Deeg Congé am Joer,

  • flexibel a familljefrëndlech Aarbechtszäiten,

  • spannend an ofwiesslungsräich Projete mat perséinlechen Entwécklungsméiglechkeeten,

  • eng oppen a kollegial Aarbechtsatmosphär,

  • eng modern a gutt equipéiert Aarbechtsplaz mat der Méiglechkeet fir Teletravail,

  • fachlech a perséinlech Weiderentwécklung duerch Formatiounen, Besiche vu Konferenzen an aneren Aktivitéiten (am Kader vun der Aarbechtszäit).


Eist Ziel ass et, zu Lëtzebuerg eng verantwortungsvoll Planung zu maachen, déi der Gesellschaft an zukünftege Generatiounen d‘Grondlage fir gutt Liewensbedingunge séchert an dozou zu engem gudden Zesummeliewen an der Gesellschaft bäidréit. Mei Informatiounen zu eise Referenzprojeten fënns du hei: https://zeyenbaumann.lu/projets.


Du bass interesséiert? Dann mell dech elo bei eis! Mir freeën eis op deng Bewerbung (bis de 15. Januar 2026) per E-Mail op: candidatures@zeyenbaumann.lu.

 

L'OAI EN CHIFFRES : BUREAUX ÉTABLIS AU LUXEMBOURG

518

architectes
213

ingénieurs-conseils
35

architectes d'intérieur
157

urbanistes
14

arch.-paysagistes
ing.-paysagistes