Den OAI sicht : Direktesch / Direkter

 

Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils

Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils (OAI) 6, Boulevard Grande-Duchesse Charlotte L-1330 Lëtzebuerg

Universitäre Studium an engem relevante Beräich

gestion.interne@oai.lu

+352 42 24 06

gestion.interne@oai.lu

www.oai.lu

 

 

Den Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils (OAI), eng gesetzlech Beruffsorganisatioun am ëffentlechen Interessi, gegrënnt duerch d’Gesetz vum 13. Dezember 1989, sicht am Kader vum geplangten Depart an d’Pensioun vum aktuelle Direkter eng/een


Direktesch / Direkter


Vollzäit a mat engem Contrat à Durée Indéterminée (CDI)


Fir am Laf vum Joer 2026 unzefänken (no Ofsprooch)


 


Haaptaufgaben


Ënner der Verantwortung vum Conseil vum OAI sidd Dir zoustänneg fir:


➤ Strategesch an institutionell Leedung



  • Berufflech, politesch, kulturell a gesellschaftlech Projeten, déi de Conseil decidéiert, ëmsetzen.

  • D’Gesamtstrategie vum OAI zesumme mam Conseil ausschaffen a koordinéieren.

  • Den OAI no baussen vertrieden: vis-à-vis vun nationalen an internationalen Institutiounen, Ministerien, Partnerorganisatiounen an de Medie.


➤ Operativ Gestioun



  • Eng multidisziplinar Ekipp féieren a motivéieren.

  • D’Projeten, d’Evenementer an d’Publikatioune vum OAI koordinéieren a begleeden.

  • D’administrativ, budgetär a juristesch Gestioun vun der Struktur assuréieren.

  • D’Relatioune mat de Memberen, de Kommissiounen an de verschiddene Groupe de Travail leeden a fleegen.


➤ Vertriedung a Valoriséierung vun den OAI-Beruffer



  • Fir de Respekt vun de gesetzlechen a regulatorësche Bestëmmunge fir déi vertruede Beruffer suergen.

  • Aktiv matwierken un der Weiderentwécklung vun den OAI-Beruffer, der ëffentlecher Optragsvergabe an dem gebauten Ëmfeld.

  • Proaktiv Léisunge proposéieren, fir d’Herausfuerderunge vun der ökologescher, digitaler a gesellschaftlecher Transitioun am Bausecteur ze begleeden.


Äre Profil



  • Universitäre Studium an engem relevante Beräich.

  • Confirméiert Erfahrung an enger Leedungs- oder strategescher Koordinatiounsfunktioun, am beschten an enger Beruffsorganisatioun oder enger anerer Institutioun.

  • Gutt Kenntnisser vun den Enjeuen vum Bausecteur a vun der Landesplanung si vu groussem Virdeel.

  • Exzellent Beherrschung vum Franséischen an dem Lëtzebuergeschen, a Wuert a Schrëft. Kenntnisser am Däitschen an Englesche si grouss Virdeeler.


Aarbechtsplaz: Sëtz vum OAI – Stad Lëtzebuerg


Mir bidden



  • Eng stabil, wäertschätzend a motivéierend Positioun.

  • Bréngt Är Kompetenzen a Motivatioun an, fir zesumme mam OAI aktiv un engem liewenswäerte, nohaltegen an resilienten Liewensëmfeld fir eis all ze schaffen.


Bewerbungsprozedur


Schéckt w.e.g. Är Kandidatur (CV, kuerz Motivatiounsschreiwes) per E-Mail un:
gestion.interne@oai.lu 


All Kandidatur gëtt streng vertraulech behandelt.
D’Bewerbungsgespréicher fänken ab Oktober 2025 un.

 

L'OAI EN CHIFFRES : BUREAUX ÉTABLIS AU LUXEMBOURG

518

architectes
213

ingénieurs-conseils
35

architectes d'intérieur
157

urbanistes
14

arch.-paysagistes
ing.-paysagistes