Den OAI sicht : Direktesch / Direkter
                                                                                            
Den Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils (OAI), eng gesetzlech Beruffsorganisatioun am ëffentlechen Interessi, gegrënnt duerch d’Gesetz vum 13. Dezember 1989, sicht am Kader vum geplangten Depart an d’Pensioun vum aktuelle Direkter eng/een
Direktesch / Direkter
Vollzäit a mat engem Contrat à Durée Indéterminée (CDI)
Fir am Laf vum Joer 2026 unzefänken (no Ofsprooch)
Haaptaufgaben
Ënner der Verantwortung vum Conseil vum OAI sidd Dir zoustänneg fir:
➤ Strategesch an institutionell Leedung
- Berufflech, politesch, kulturell a gesellschaftlech Projeten, déi de Conseil decidéiert, ëmsetzen.
 - D’Gesamtstrategie vum OAI zesumme mam Conseil ausschaffen a koordinéieren.
 - Den OAI no baussen vertrieden: vis-à-vis vun nationalen an internationalen Institutiounen, Ministerien, Partnerorganisatiounen an de Medie.
 
➤ Operativ Gestioun
- Eng multidisziplinar Ekipp féieren a motivéieren.
 - D’Projeten, d’Evenementer an d’Publikatioune vum OAI koordinéieren a begleeden.
 - D’administrativ, budgetär a juristesch Gestioun vun der Struktur assuréieren.
 - D’Relatioune mat de Memberen, de Kommissiounen an de verschiddene Groupe de Travail leeden a fleegen.
 
➤ Vertriedung a Valoriséierung vun den OAI-Beruffer
- Fir de Respekt vun de gesetzlechen a regulatorësche Bestëmmunge fir déi vertruede Beruffer suergen.
 - Aktiv matwierken un der Weiderentwécklung vun den OAI-Beruffer, der ëffentlecher Optragsvergabe an dem gebauten Ëmfeld.
 - Proaktiv Léisunge proposéieren, fir d’Herausfuerderunge vun der ökologescher, digitaler a gesellschaftlecher Transitioun am Bausecteur ze begleeden.
 
Äre Profil
- Universitäre Studium an engem relevante Beräich.
 - Confirméiert Erfahrung an enger Leedungs- oder strategescher Koordinatiounsfunktioun, am beschten an enger Beruffsorganisatioun oder enger anerer Institutioun.
 - Gutt Kenntnisser vun den Enjeuen vum Bausecteur a vun der Landesplanung si vu groussem Virdeel.
 - Exzellent Beherrschung vum Franséischen an dem Lëtzebuergeschen, a Wuert a Schrëft. Kenntnisser am Däitschen an Englesche si grouss Virdeeler.
 
Aarbechtsplaz: Sëtz vum OAI – Stad Lëtzebuerg
Mir bidden
- Eng stabil, wäertschätzend a motivéierend Positioun.
 - Bréngt Är Kompetenzen a Motivatioun an, fir zesumme mam OAI aktiv un engem liewenswäerte, nohaltegen an resilienten Liewensëmfeld fir eis all ze schaffen.
 
Bewerbungsprozedur
Schéckt w.e.g. Är Kandidatur (CV, kuerz Motivatiounsschreiwes) per E-Mail un:
gestion.interne@oai.lu 
All Kandidatur gëtt streng vertraulech behandelt.
D’Bewerbungsgespréicher fänken ab Oktober 2025 un.
