Carte blanche RTL 20/01/2021: Wie bestëmmt wéi mir zesummeliewen ?

mardi 26 janvier 2021

 

D’sanitär Kris deckt déi strukturell Problemer vun eiser Gesellschaft op. Et ass wichteg, dass d’Politik mat der Zivilgesellschaft an de Bierger, d'Gestaltungshoheet méi staark zeréck an hir Hänn hëlt. Eng Carte blanche vum Pierre Hurt op https://www.rtl.lu/meenung/carte-blanche/a/1649497.html.

D’sanitär Kris deckt déi strukturell Problemer vun eiser Gesellschaft op.

Oft genuch ass ons Schwächt - net wëllen ze deelen - de Grond fir eis Problemer.

Beispiller dofir : d’Zréckhale vu Bauterrainen oder NIMBY-Mentalitéit.

Mir brauche Fakten, déi an ëffentlecher Hand leien an déi zougänglech sinn, fir een objektiven Debat.

Gestaltung vun eisem Zesummeliewen an d’Entwécklung vun eisem Territoire an der Groussregioun, sti staark am Zesummenhang mat der Gestioun vun de prises d‘influences.

Haut hu mir e système mondial financier et économique, deen eist Liewen zu 100 Prozent impaktéiert, esouguer festleet. D’Autosbranche, d’Liewensmëttelindustrie a méi rezent déi Sozial Medien hunn eist Liewen ze vill dominéiert.

Mir brauchen do en Equiliber: Idealerweis misst Populatioun de Wirtschaftssystem méi staark matgestalten.

E Beispill dat weist, dass d’Bevëlkerung wäitsiichteg ka sinn, ass eng rezent Volleksinitiativ aus der Schwäiz

„Konzernverantwortungsinitiative“ (KVI).

Bei dëser hu 57 Prozent vun de Wieler dofir gestëmmt, datt Konzerner méi Verantwortung iwwerhuele sollen a sech fir de Schutz vu Mënsch an Ëmwelt asetze sollen.

Eng ganzheetlech Etüd zu Lëtzebuerg soll weisen, wéi mir nach méi nohalteg bauen, an den Amenagement vum Territoire nach méi an den Aklang mat der Zirkularwirtschaft brénge kënnen.

Dofir brauche mir onofhängeg Beroder, déi kee Conflit d‘intérêt hunn, an esou déi beschtméiglech Konzepter entwéckele fir ons all.

Mir brauchen eng Strategie globale: En echten code de la construction, fir dass d‘Politik sech eens gëtt, wat d‘Prioritéiten an d’Hierarchie sinn.

Schlau bauen, dofir brauche mir méi konzeptuell Ressourcen ier mir ufänken ze bauen.

Et ass wichteg, dass d’Politik, mat der Zivilgesellschaft an de Bierger, d’Gestaltungshoheet méi staark zeréck an hier Hänn hëlt.

Firwat brauche mir e resilienten Cadre de Vie ?

Fir de Willy Brandt ze zitéieren: „Kann een ni so komplizéiert denken, wéi et stënterlech kënnt“

Zum Schluss: All Kris bréngt och ëmmer dat Bescht aus eis eraus.

Deelen, mécht ons all méi räich.

 

L'OAI EN CHIFFRES : BUREAUX ÉTABLIS AU LUXEMBOURG

535

architectes
223

ingénieurs-conseils
39

architectes d'intérieur
163

urbanistes
16

arch.-paysagistes
ing.-paysagistes